Luxemburgänsia
Am Bistro gëtt geried an debattéiert ouni Enn De Lëtzebuerguer téint ganz gär a weist och gären d'Zänn Mir wësse gutt Bescheed a riede gären intensiv Als Bierger grënne mir dofir dann Mir hu gären Transparenz an hale ferm op Dialog Mat Liewensqualitéit an anere Spréch si mir geplot Nohaltegkeet gehéiert do genee esou dozou Mee mat all deen domme Spréch, ech mengen do ass de Bistro zou Lëtzebuerg, Lëtzebuerg: Staark am Soff, mee soss net uerg D'wor gëschter sou, t'ass haut esou an et gëlt och nach fir muer Dat ass esou bei eis, dat ass Luxemburgänsia Eng grouss Spezialitéit: Mir riede schrecklech gär vu gëscht Wat wore mir dach richteg mat Medaille vollgerëcht De Frantzen Nick, de Charly Gaul an de Barthels Jos Ma kuck mol déi vun haut, déi verdénge just gär Goss Lëtzebuerg, Lëtzebuerg: Staark am Soff, mee soss net uerg T'wor gëschter sou, t'ass haut esou an et gëlt och nach fir muer Dat ass esou bei eis, dat ass Luxemburgänsia Sprangprozessioun a Schueberfouer fest um Rendez-vous Och d'Fuesend gi mir richteg lass, mat Fausti all per Du Eemol op d'Baraderie gerannt an eemol an d'Oktav A blénkt ee Freedefeier komme mir alt schnell gelaaf (2x) Lëtzebuerg, Lëtzebuerg: Staark am Soff, mee soss net uerg T'wor gëschter sou, t'ass haut esou an et gëlt och nach fir muer Dat ass esou bei eis, dat ass Luxemburgänsia
Submitted by NecroLord — Jun 25, 2026
No lyrics have been submitted for this track yet.